Pre-meeting “Europe goes Scuffelingen”

Am Kader vum Eurofestival 2022 „Europe goes Scuffelingen“ huet eise „Comité EPF2022“ vum 29. bis den 31.10.2021 hei zu Schëffleng e „Pre-meeting“ organiséiert mat Vertrieder aus 15 verschiddene Länner. Dat sinn: d’Belsch, Dänemark, Finnland, Frankräich, Däitschland, Ungarn, Irland, Italien, Lettland, Litauen, Polen, Portugal, Schottland a Lëtzebuerg, déi nächst Joer um Eurofestival deelhuelen.

Nodeems d’Vertrieder hir Joresversammlung mam Eurofestival-Comité ofgehalen haten, kruten d’Participanten de Programm vum Eurofestival 2022 virgestallt.

Den Eurofestival “Europe goes Scuffelingen” fënnt am Kader vun Esch2022 vum 23. Juli 2022 bis den 30. Juli 2022 hei zu Schëffleng statt.