Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng

Natur an Ëmwelt ass een Thema, dat der Gemeng Schëffleng ganz besonnesch um Häerz läit.

Am Kader vum nationalen Dag vum Bam huet d‘Gemeng dëst Joer all Stot en Uebstbam offréiert, deen d’Awunner bei sech doheem ronderëm d’Haus kënne planzen. Duerch dës Aktioun kënnen d’Bierger sech aktiv um Naturschutz bedeelegen, jiddereen zesummen eppes fir d’Insekten an d’Villercher maachen an esou d’Biodiversitéit verbesseren.

D’Gemeng Schëffleng setzt sech awer net nëmme lokal fir d’Erhale vun der Natur an, mee ënnerstëtzt och op internationalem Niveau, zesumme mat Rainforest.lu, d’Restauratioun vum Ökosystem an den tropesche Bëscher.
Weider Informatiounen zu dëser lëtzebuergescher Initiativ fannt Dir op rainforest.lu.