Eierung vum Ben Gastauer a Kevin Geniets

Felicitatiounen un “eis” Sportler!

D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets an de Ben Gastauer an dofir goufe si elo offiziell geéiert!

Net méi spéit wéi gëschter – eng Woch no eiser traditioneller Soirée des Lauréats – huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot op enger gemittlecher Receptioun an der Salle Grand-Duc Jean de Kevin Geniets fir seng national an international Exploiten an der leschter Stroossevëlossaison geéiert.

Gratuléiert a Merci gesot krut awer och de Ben Gastauer fir seng erfollegräich a flott Cycliste-Carrière. No ville Jore geet de Schëfflenger an d’Pensioun. Dofir krut net nëmmen hien e Kaddo, mee och seng Fra a seng Kanner, déi elo hire Familljepapp endlech nees ganz fir sech hunn.

Och am Numm vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun deenen zwee exzeptionellen Athleten e grousse Merci gesot a bonne Chance op hirem weidere Wee gewënscht.

Hei e puer Impressioune vum Owend: