E Merci fir de Muller

No 18 Joer professionnellem Tennis a 528 Victoiren huet de Schëfflenger Bouf Gilles Muller seng Rackett Enn August 2018 definitiv un den Nol gehaangen.

Säi Parcours, seng sympatesch Aart a Weis a seng aussergewéinlech Resultater verdéngen honoréiert ze ginn. Dofir huet d’Gemeng Schëffleng den 28. Mäerz 2019 op eng “Soirée de Distinction” invitéiert an dem “Mulles” ganz perséinlech MERCI gesot.

Fir him dee beschtméigleche Start a seng wuelverdéngte Pensioun ze vereinfachen, krut hien och puer Kadoen iwwerreecht.

Hei e puer Impressioune vum Owend: