Bibliothèque du Club Seniors

An der Bibliothéik vum Club Haus beim Kiosk fannt Där keng:

– Fachliteratur
– Kanner- a Jugendbicher
– portugisesch oder spuenesch Bicher

Mee an däitscher, franséischer, lëtzebuergescher an englescher Sprooch fannt Där hei iwwer 4500 Bicher vu vill verschiddene Genren: Romaner, Krimien, Biografien, geschichtlech Romaner…. An dëst vu méi a manner bekannten Auteuren.

D’Club-Bibliothéik ass fir jiddereen zougänglech.

Bibliothèque du Club Seniors

Eis Bibliothéik gëtt geréiert vun 2 ganz engagéierte Benevollen, déi Iech all Dënschdeg tëscht 14.30 a 16.30 Auer kënne beroden. Regelméisseg ass an der Kaffisstuff vum Club och e Bichermaart: zu engem enorm interessante Präis kënnt Där hei gutt erhale Bicher kafen. Virum Club steet e Bicherschaf: hei kënnt Där Iech gratis e Buch ausléinen. Entweder bréngt Där dat Buch nom Liesen zeréck oder stellt en anert, gutt erhalent Buch a Plaz.

Dans la bibliothèque du Club Haus beim Kiosk, vous chercherez en vain :

– De la littérature professionnelle
– Des livres pour enfants et adolescents
– Des livres en portugais ou en espagnol

Par contre, vous pouvez choisir parmi 4500 exemplaires en langue française, allemande, luxembourgeoise et anglaise. Divers genres sont représentés d’auteurs plus ou moins connus : romans, biographies, romans historiques, romans policiers, …

La bibliothèque est accessible à tous.

Elle est gérée par 2 bénévoles très engagées qui vous conseilleront chaque mardi entre 14.30 et 16.30 heures. Régulièrement, un marché aux livres a lieu à la cafétéria du Club : vous pouvez y acquérir des livres à un prix très intéressant. Devant le club se trouve une armoire à livres : vous pouvez emprunter gratuitement un exemplaire. Soit vous le ramenez une fois la lecture terminée, soit vous placez un autre livre en bon état dans cette armoire.