Gutt Zesummenuarbecht fir ee gesécherten Schoulbetrib

Am Kader vun der grouss ugeluechter Covid-19 Testaktioun an deenen dräi Schëfflenger Schoulen, seet de Buergermeeschter am Numm vum Schäffen- a Gemengerot allen Intervenante Merci, datt dës Organisatioun esou gutt a séier iwwert d’Bün gaangen ass. Merci awer och fir all Versteesdemech a fir d’Responsabilitéit vun all Eenzele vis-à-vis vun der Schoulcommunautéit.

Fir d’Sécherheet vun de Schëfflenger Kanner an hire Famillen, souwéi déi vun den Enseignanten ze garantéieren, war de Méindeg, 22. an Dënschdeg, 23. Februar nees “Homeschooling” ugesot. Doriwwereraus ass wärend dësen Deeg eng breet ugeluechte Covid-19 Testaktioun organiséiert ginn, déi sech un déi 1.109 Schëfflenger Schoulkanner an u gutt 120 Persounen, déi zum Léier- an Edukatiounspersonal zielen, adresséiert huet. Zil vun dëser Initiativ: méi een normalen a gesécherte Schoulbetrib.

Dës Efforte wären net méiglech gewiescht ouni déi super Zesummenaarbecht vun de Kanner, hiren Elteren, dem Schoulpersonal a villen aneren Acteuren.

E grousse Merci a bleift all gesond!

———————————————————————————————————————–

Le Collège des bourgmestre et échevins adresse un grand Merci aux élèves, leurs parents, aux enseignants et à tous les autres acteurs ayant contribué au bon déroulement du “large scale testing” dans les trois écoles schifflangeoises.

L’objectif de cette action: une vie scolaire plus sécurisée et un peu plus normale.