Pride Week 2021

Säit 1999 gëtt zu Lëtzebuerg « Pride Week » gefeiert. De Festival (3.-11. Juli), deen elo déi 12. Kéier hannerteneen zu Esch organiséiert gëtt, gouf vu Rosa Lëtzebuerg an d’Liewe geruff. Dës Asbl setzt sech fir d’Rechter vun den LGBT Leit zu Lëtzebuerg an.

Och d’Gemeng Schëffleng weist sech tolerant an hänkt vu Mëtt Juni bis den 11. Juli 2021 de Reebou-Fändel eraus. Et goufen och Fotoe mat de Reebou-Maske gemaach. Dëst soll all Bierger dozou opruffen tolerant ze sinn – an dat natierlech d’ganzt Joer iwwer. Léift ass Léift!

 

Hôtel de Ville

 

Chancëgläichheetskommissioun

 

Conseil communal