Inauguration / Aweiung Parc Léonie Koullen

De 17. September 2021 huet de Schäfferot den neie Park an der Drusenheim-Strooss offiziell ageweit.

Dës nei Plaz ass en Deel vun engem gréissere Chantier (Reamenagement vum Parking an der Aloyse Kayser Strooss), deen och deemnächst fäerdeg gestallt soll ginn, a gëtt dëser symbolescher Entrée an de Kär vu Schëffleng eran dee Look, deen e verdéngt.

Bei beschtem Wieder huet den Här Buergermeeschter d’Invitéeën empfaang an erkläert wéi houfreg d’Gemeng ass, dëse Park där Madamm (1913-1967) ze widmen, déi ganz ville Kanner zu Schëffleng gehollef huet, d’Liicht vun der Welt z’erblécken. Zu där spezieller Geleeënheet war och d’Famill vun der Léonie Koullen sur Place an huet e puer Wuert iwwert di besonnesch Fra zum Beschte ginn. Frou ware mir iwwert d’Präsenz vun deem éischten an deem leschte Puppelchen, déi bei der Hiewan zu Schëffleng op d’Welt komm sinn.

D’Nadine Bertrang huet a senger Fonktioun als Präsidentin vun der CNFL d’Wichtegkeet vu Fraennimm op ëffentleche Plazen ervirgehuewen an huet der Gemeng zu dësem gudde Choix gratuléiert.

E grousse Merci goung natierlech un all d’Entreprisen an d’technesch Servicer vun der Gemeng fir di gutt Aarbecht, déi si bei der Fäerdegstellung vun dësem faarwege Park geleescht hunn.

Méi Infoen iwwert d’Madamm Koullen an hiert Liewenswierk fannt Dir an der Abrëll 2019 Editioun vum Newsmag op de Säite 14-15.

Hei e flotte Reportage vun eise Kollege vun der AMCIS an e puer Impressioune vun der Aweiung: