Aweiung Boulodrome

Nodeems déi offiziell Aweiung vum neie Boulodrome an der Héidengerstrooss am vergaangene Joer Covid-bedéngt net konnt stattfannen, gouf d’Inauguratioun de vergaangene Samschdeg nogeholl. Am Bäisinn vum Schäffen- a Gemengerot, dem Här Laurent Deville, Éischte Conseiller a Coordinateur général am Sportsministère esou ewéi dem Éierebuergermeeschter Roland Schreiner, deen a senger Amtszäit 2017 mat den Ustouss fir dëse Projet ginn huet, huet den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch d’Entstehung vum Site nach emol Revue passéiere gelooss. Den Här Calisti, President vum  Veräin “Pétaboules Schifflange” an den Här Deville hunn ebenfalls d’Wuert ergraff. Nieft dem aussergewéinlechen Design gouf ënnert anerem ervirgehuewen, dass d’Gebailechkeete fir Visiteure mat ageschränkter Mobilitéit ugepasst sinn. E besonnesche Merci goung un all déijéineg, déi de Projet initiéiert a geplangt hunn an u sengem Bau bedeelegt waren.

Emotional gouf et, ewéi dat neit Gebai zu Éiere vum 2020 verstuerwenen Éierepresident vum Pétaboules-Veräin posthum „Boulodrome Nazzareno Bocci“ gedeeft gouf. D’Madamm Christina Bocci, Wittfra vum Här Bocci, huet zesumme mam Schäfferot d’Plaquette devoiléiert a stellvertriedend de Merci, deen hirem Mann fir seng Aarbecht gëllt, entgéint geholl.

Nodeems den Här Buergermeeschter an den Här Éierebuergermeeschter et sech net huele gelooss hunn mat hiren Equippen den neien Terrain auszeprobéieren, gouf den Owend bei engem Pättchen ausklénge gelooss. Den Evenement war als CovidCheck-Event organiséiert.

Méi detailléiert Informatiounen iwwert d’Geschicht an de Bau vum neie Gebai fannt Dir hei.
All d’Fotoe vun der Aweiung fannt Dir an eiser Fotosgalerie.
An deenen nächsten Deeg fannt Dir op dëser Plaz och nach e puer Impressioune vun eise Kolleege vun der AMCIS op dëser Plaz.