Ouverture vun der Saison 2021/2022 vum « Grousse Maart »

Wéi all Joer gouf déi nei Saison fir de “Grousse Maart” op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren  de “Lëtzebuerger Maarteverband” , “d’Assosiation des Professionnels des Foires et Marchés” an “d’ACAS-Geschäftsverband Schëffleng” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture invitéiert.

An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, begleet vun de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, betount, dass si frou sinn, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Paul Weimerskirch un d’Händler geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.

Als Merci huet de “Lëtzebuerger Maarteverband” der Gemeng zwou Corbeillen iwwerreecht.

No der offizieller Ouverture gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant, a konnten duerno gemittlech iwwert de Maart trëppelen.

Hei gesitt Dir dat Ganzt resuméiert a Bild an Toun: Reportage vun der AMCIS