Festlechen Hierschtconcert

E Sonnden, de 24. Oktober 2021 hat de Schäfferot op e musikaleschen Nomëtte mam Orchester „Estro Armonico“ an de Centre Sportif invitéiert.

Ënnert der Leedung vum Dirigent Jeannot Weimerskirch an dem Concertmeeschter Guy Goethals si Stécker vum Georg F. Händel, Wolfgang A. Mozart, Franz Schubert a Ludwig van Beethoven gespillt ginn. Den Highlight war awer den Optrëtt vun der ganz talentéierter Schëfflenger Violonistin Alexia Ouyang. D’Alexia ass 13 Joer jonk a Schülerin vun der Madamm Danka Petzova, chargée de cours am « Eveil à la musique » an eise Schoulen. D’Leit ware begeeschtert vu sengem Optrëtt an hunn dëst duerch hire laangen Applaus zum Ausdrock bruet.

Op desem Link kënn Dir de Concert nach eng Kéier nokucken/nolauschteren: https://youtu.be/9tRvHcZNQHs