Flotte Weekend mat den Hobbybastler

De 27. an 28. November 2021 konnt endlech erëm en Hobbymoart zu Schëffleng stattfannen. Hei hunn insgesamt 32 Fräizäitkënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt a bei 2 Informatiounsstänn vu SOS Faim a Fairtade Lëtzebuerg konnten d’Visiteure sech informéieren, a wa si wollten, sech fir e gudden Zweck engagéieren.

Am Kader vun der gewinnter ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi de ville Leit, déi do ware Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville Konschtwierker gemaach.

Niewend den Hobbybastler waren och eng ganz Partie Experte vun de “Stammdëschfrënn Spur 0” zum Thema Modelleisebunn um Wierk an hunn de Leit hir beschte Maschinne gewisen.

Eng Rei Schëfflenger Veräiner hu wärend dësem Weekend fir d’Iessen an d’Gedrénks gesuergt.