Annulatioun vun Evenementer am Kader vun der COVID-19 Pandemie

LU – Wéinst der aktueller Evolutioun vum COVID-19 Virus op nationalem an internationalem Niveau an no der Regierung hirer Decisioun fir zousätzlech Gesondheetsmoossnamen anzeféieren, läit et dem Schäfferot um Häerz all Bierger vu Schëffleng e beschtméigleche Schutz ze garantéieren an huet dofir decidéiert, all Evenementer vun der Gemeng, déi bis den 31.12.2021 geplangt sinn, ofzesoen.

Folgend Evenementer si vun dëser Entscheedung betraff:

  • Festlechen Ëmzug vum Kleeschen (5. Dezember 2021)
  • Seniorefeier (9. an 10. Dezember 2021)
  • Ofschloss-Rezeptioun fir d’Personal vun der Gemeng (15. Dezember 2021)
  • Ofschlossfeier fir d’Personal vun der Gemeng (17. Dezember 2021)

An de leschte Wochen ass d‘Zuel vu Leit, déi positiv getest gi sinn, nees däitlech an     d‘Lut gaangen an déi wanterlech Wiederkonditioune favoriséieren d’Transmissioun     vum Virus ëmsou méi.

Opgrond vun der Situatioun, déi nach ëmmer beonrouegend ass, wëll d’Gemeng Schëffleng drun erënneren, dat d‘Gestes-barrières onbedéngt ze respektéiere sinn fir d‘Verbreede vum Virus ze verhënneren.

Passt gutt op Iech an Är Léifsten op a weist Solidaritéit.

 

FR – Vu l’évolution du virus COVID-19 au niveau national et international et suite à la décision du gouvernement de mettre en place des mesures sanitaires complémentaires, le Collège échevinal est soucieux d’assurer la meilleure protection pour tous les citoyens de Schifflange et a ainsi décidé d’annuler toutes les manifestations de la commune planifiées jusqu’au 31.12.2021.

Les événements affectées par cette décision sont les suivants :

  • Visite du St. Nicolas (5 décembre 2021)
  • Fête des seniors (9 et 10 décembre 2021)
  • Réception de fin d’année pour le personnel de la commune (15 décembre 2021)
  • Dîner de fin d’année pour le personnel de la commune (17 décembre 2021)

Ces dernières semaines, un nombre plus important de cas positifs a été détecté et les conditions météorologiques hivernales favorisent davantage la transmission du virus.

Au vu de la situation qui reste préoccupante, la Commune de Schifflange tient à rappeler que le respect des gestes barrières est impératif.

Prenez bien soin de vous et de vos proches et soyez solidaires.