Neijoersgléckwënsch vum Buergermeeschter

E Gedanke zum neie Joer

Léif Matbiergerinnen a Matbierger

Jo, et ass nees esou wäit. Mir soen Äddi 2021 a begréisse voller Freed an Hoffnung dat neit Joer 2022. Et ass och de Moment fir e Bléck zréck op 2021 ze werfen. E Joer, wat eis nees villes ofverlaangt huet.

Fir 2022 wënschen ech Iech all Guddes, Gléck a Gesondheet. Jo, virun allem Gesondheet, well dat ass d’Basis fir e glécklecht an zefriddent Liewen.

Am Mëttelpunkt vum neie Joer steet ouni Zweifel d’Kulturhaapstad Esch 2022, wou och eis Gemeng involvéiert ass, déi e flotte Programm fir Frëndschaft a fir Mateneen op d’Been gestallt huet. Den Eurofestival Enn Juli soll een Zeeche vun europäescher Solidaritéit tëschent de Natiounen a Kulturen duerstellen. D’Zesummeliewen tëschent de Mënsche geléngt eis, wa mir alleguer bereet si mat Modestie, Toleranz a Versteesdemech nei Brécken ze bauen.

Jo, dat ass eis Aufgab an eis Flicht beim Opbau vun enger Welt vu Gerechtegkeet a Wuelstand. An et ass ni ze spéit domadder unzefänken, fräi nom Motto vum Dag Hammarskjöld, fréieren UNO Generalsekretär: “Hal ni op unzefänken, a fänk ni un opzehalen am Beméien ëm eng besser Welt”.

Paul Weimerskirch

Buergermeeschter

 

Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter per Video vun der AMCIS ukucken oder um “Radio Gutt Laun” lauschteren: