Débardage de bois à l’aide du cheval

An der Woch vum 25. Mäerz 2019 kënnen d’Klassen aus der Lydie Schmit Schoul an de Bësch tëschent der “rue de la Forêt” an dem Schéissstand goen an nokucken, wéi d’Holz mat Hëllef vum Max a Moritz, deenen zwee Schaffpäerd vun Uespelt, rausgeschleeft gëtt.

Well d’Kanner sou vill interessant Froe gestallt hunn, kënne si iech elo alles iwwert dës ëmweltbewosst Technik erzielen.

Hei e puer Andréck vum Cycle 3.2. (25.03.2019 nomëttes):